De fréiere franséische Premier Edouard Philippe schéngt sech fir d'Presidentschaftswalen 2027 a Positioun ze bréngen.

Déi ganz Woch iwwer huet hie sech uechter Frankräich op verschiddene Plazen gewisen, Interviewe ginn a säin neit Buch publizéiert. De Buergermeeschter vu Le Havre ass allerdéngs kaum erëmzeerkennen. Nieft dem Emmanuel Macron war een de Premier Philippe gewinnt mat engem schwaarzen Baart. Deen ass elo fort.

RTL

An well den Emmanuel Macron net ka fir eng 3. Kéier an d‘Course fir d‘Presidentielle goen, ginn et eng Rei Politiker, déi sech kloer demarkéieren. D'Marine Le Pen vum Front National, kritt iwwregens sou gutt Chancen ugerechent wéi nach ni virdrun.

RTL