EU-Kommissiounspresidentin huet Italien Hëllef zougeséchert

Bei hirer Visitt op der süditalieenescher Insel Lampedusa huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen Italien Hëllef versprach.
8.500 Refugiéeë waren eleng déi lescht Deeg do ukomm. D'Insel hat den Noutstand ausgeruff. D'italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni hat d'EU opgefuerdert, z'intervenéieren ënnert anerem d'europäesch Gewässer fir Flüchtlings-Booter ze spären.
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn hat sech an engem Interview op der ARD géint déi Fuerderung ausgeschwat.
Am 10-Punkte-Plang géint illegal Migratioun, deen d'Ursula von der Leyen op Lampedusa ervirgestrach huet, ass effektiv eng méi staark Iwwerwaachung op Séi an aus der Loft virgesinn. D'Grenzschutz-Agence Frontex kéim hei an d'Spill. D'Kommissiounspresidentin huet awer och un aner EU-Memberstaaten appelléiert sech solidaresch mat Italien ze weisen. D'europäesch Asylautoritéit wëll u méi séiere Prozedure schaffen, fir déi Persounen zeréck ze schécken, déi kee Recht op Asyl hunn. Mat Tunesien soll un der Ëmsetzung vum Migratiounsaccord geschafft ginn. Nei Kontrakter sollen ënnerschriwwe ginn.
Ob d'italieenesch Premierministesch domat zefridden ass, dierf ee bezweiwelen. An hiren Aen wär et déi eenzeg Léisung, Migranten drun ze hënneren iwwer d'Mir an Europa ze kommen.