Der Mahsa Amini hiren Doud hat d'lescht Joer méintelaang Demonstratiounen a Protester ausgeléist.

Ee Joer nom Doud vun der jonker Kurdin Mahsa Amini, déi vun der iranescher Sittepolice festgeholl gi war, well si hiert Kappduch net richteg unhat, goufen et Berichter no nees Protester am Land. An dat, obwuel d'Police mat grousser Zuel probéiert huet, Demonstratiounen um Joresdag ze ënnerbannen.

Ënnert anerem an der Haaptstad Teheran, zu Isfahan a Schiras goufen e Samschdeg Demonstratioune gemellt. Um Graf vun der 21 Joer aler Fra hunn d'Autoritéiten allerdéngs d'Gedenken un d'Mahsa Amini verhënnert.

Wéi verschidde Mënscherechtsorganisatioune mellen, war der Mahsa Amini hire Papp e Samschdeg zäitweis festgeholl ginn an gouf Doheem isoléiert. Déi staatlech Noriichtenagence huet méi spéit gemellt, d'Autoritéiten hätten ee Mordanschlag géint hie verhënnert.

Der Mahsa Amini hiren Doud hat d'lescht Joer méintelaang Demonstratiounen a Protester ausgeléist. Ënnert dem Motto "Fra, Liewen, Fräiheet" hu sech d'Leit am Iran fir méi Rechter agesat. D'Regierung ass haart géint d'Demonstrante virgaangen. Eng 500 Demonstrante koumen ëm d'Liewen, siwe Männer goufen an dem Kader exekutéiert. Amnesty International no goufen insgesamt 22.000 Leit festgeholl.