Am Februar hat de 44 Joer ale Mann zu Tréier zweemol probéiert, Passante mat Pawee-Steng ze blesséieren, wéi hie mam Vëlo laanscht si gefuer ass.

Iwwerdeems de presuméierten Täter bei der éischter Kéier eng Fra nach knapp verpasst hat, gouf bei der zweeter Kéier ee Mann méi uerg um Kapp blesséiert. De Responsabele vun der Dot, dee psychesch krank soll sinn, gouf zu véier Joer an zéng Méint an enger spezialiséierter Klinik verurteelt. D'Urteel ass nach net rechtskräfteg.