8 jonk Männer mëssbrauche Meedche vun 13 Joer a Schwämm zu Köln

© CHRISTIAN KNIEPS dpa Picture-Alliance via AFP
Nom momentane Wëssensstand sollen déi 8 presuméiert Täter tëscht 16 a 26 Joer al sinn.
Wéi déi däitsch Medie mellen, soll d'Meedchen an engem Baseng vun enger Schwämm ëmkreest gi sinn, du vun de Männer an d'Luucht geworf an ënner Drock gesat gi sinn. E 16 Joer alen Iraker, deen zu Köln lieft, soll dem Meedchen ënnert anerem an d'Box vum Bikini gegraff hunn, esou d'Police e Méindeg.
Dem Meedchen ass et gegléckt, sech nom Virfall vum Grupp ze léisen an de Schwammmeeschter z'informéieren. D'Police ass doropshi mat 7 Policeween bei d'Schwämm gefuer an huet déi Verdächteg bei der Sortie festgeholl. Et gouf och een Zeien ermëttelt, deen de Virfall suivéiert hat.
Déi 6 presuméiert Täter sinn allkéiers 16, respektiv 21 Joer al, 2 weider Verdächteger sinn 22 a 26 Joer al. Bei 3 Verdächtegen handelt et sech ëm tierkesch, a bei 4 Persounen ëm syresch Staatsbierger. Een ass aus dem Irak.
D'Police vu Köln sicht iwwerdeems nach weider Zeien, déi deen Dag an der Schwämm de Virfall matkritt hunn.