En Donneschdeg sollen déi 360 Solarplacken a Betrib geholl ginn. Si sollen hëllefen, datt d'Regioun manner vu fossille Brennstoffer ofhängeg ass.

Spitsbergen, wou dëse Solar-Park opgeriicht gëtt, läit eng 1.300 Kilometer vum Nordpol ewech a ka just per Boot oder Helikopter, an dann ass et nach ofhängeg vum Wieder, erreecht ginn. Dat neit Solarfeld soll déi Leit, déi do liewen, mat Stroum versuergen awer och eng al Funkstatioun fir Schëffer, déi an e Camp fir Touristen ëmgebaut gouf.

D'Group Store Norske, déi fir d'Anlagen zoustänneg ass, geet dovunner aus, datt dëst den nërdlechste Park fir Solarzellen op der Welt ass. E gouf an enger Regioun opgeriicht, wou et just verschidde Méint am Joer hell ass.

"Et ass déi éischte Kéier, datt een dëst an dësem Ausmooss an der Arktis probéiert", seet de Mons Ole Sellvold vu Store Norske. Nieft den 360 Zellen um Buedem goufen der och eng 100 um Daach vun der Funkstatioun, déi bis ewell d'Energie iwwert en Dieselgenerator krut, opgeriicht. Mat de Solarzellen erhofft ee sech, ronn d'Hallschent vum Energieverbrauch ze decken, esou datt een d'CO2-Emissiounen däitlech erofschrauwe kann.

Am Summer zum Beispill läit d'Regioun quasi déi ganzen Zäiten am Hellen, well d'Sonn u sech ni ënnergeet. Ma d'Zelle profitéieren awer och vum Schnéi, deen d'Liicht reflektéiert a vun den niddregen Temperaturen, déi d'Effizienz vun den Zellen nach eng Kéier verstäerken.

RTL

© AFP

Tëscht Oktober a Februar awer läit d'Regioun quasi a kompletter Däischtert. Dowéinst gëtt da kee Stroum produzéiert an déi al Funkstatioun an d'Ëmgéigend sinn nees op fossil Brennstoffer ugewisen. Dowéinst préift Store Norske schonn, ob een net och nach e Wandpark kéint opriichten, fir och an där Joreszäit Stroum ze produzéieren.

Dëse Projet gëllt och als en Test, fir eventuell änlech Saachen op de ronn 1.500 aner Sitten an Dierfer opzeriichten, bei deenen d'Situatioun ganz änlech ass.

Enger Etüd no, déi dat lescht Joer publizéiert gouf, huet d'Arktis sech déi lescht 40 Joer véier emol esou séier erwiermt, wéi de Rescht vum Planéit. Dëst féiert zu engem Äisschmëlzen an der Zerstéierung vum Ekosystem. Dat huet en Effekt op déi lokal Populatioun awer och op de Rescht vun der Welt, well et zu engem méi héije Level vum Mieresspigel féiert an extreem Wiederkonditioune matsechbréngt.