EU streit iwwert Transit vu Kären aus der Ukrain

© Photo by STRINGER / AFP
Mir hunn de Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister Claude Haagen gefrot, wéi hien zu den Decisioune vu sengen Homologe steet.
E Méindeg hu sech d'EU-Landwirtschaftsministeren op engem Sommet zu Bréissel gesinn. Ee Punkt um Ordre du jour war d'Fro no de Corridors de solidarité, déi derfir suerge sollen, ukrainesch Kären an Drëttlänner ze transportéieren. De Marc Hoscheid huet um Bord vun enger Table ronde, déi vun der Bauerenzentral am Virfeld vun de Chamberwalen zum Thema Landwirtschaft organiséiert gouf, mam Agrarminister Claude Haagen geschwat.
Am Fong ass de 15. September d'Ausnamereegelung ausgelaf, déi et Bulgarien, Polen, Rumänien, der Slowakei an Ungarn erlaabt huet, den Transit vun ukrainesche Kären an Drëttlänner ze kontrolléieren. Dës Mesure war agefouert ginn, fir sécherzestellen, datt d'Kären aus der Ukrain keen negativen Impakt op d'Präisser an den europäeschen Nopeschlänner hunn. Ma virun allem Ungarn, Polen an d'Slowakei stelle sech queesch an hu schonn, respektiv plangen, hir Grenze fir den Export vun ukrainesche Kären zouzemaachen. Dem Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister Claude Haagen no ass déi Haltung um Sommet net gutt ukomm.
"Déi grouss Majoritéit vun de Länner huet dat dote verurteelt, datt einfach unilateral Decisioune geholl ginn, déi géint de Prinzip vun enger PAC ginn, déi géint de Prinzip vun engem Libre échange de biens et services ginn, déi am Fong géint de Prinzip vum europäesche Grondgedanke ginn."
Hie kéint dee Schrëtt virun allem dowéinst net novollzéien, well d'Kären aus der Ukrain den Zuelen no keen Impakt op d'Präisser an deenen dräi Länner hätten. Elo wier d'EU-Kommissioun um Zoch, woubäi den Dossier esouwuel an de Beräich vun der Landwirtschaft wéi och an dee vum Commerce fale kéint. U sech sinn d'Kären aus der Ukrain fir Drëttlänner geduecht, ma et ass awer ze héieren, datt dës dacks um europäesche Marché hänke bleiwen. Dat kéint awer fatal Konsequenzen hunn.
"D'Problematik wäert sinn, datt déi Drëttlänner, wann déi Kären net ukommen, keng Liewensmëttel kënnen hierstellen, kee Brout kënne maachen. An datt de Putin dann d'Liewensmëttel als Krichswaff hëlt, fir deene Länner ze soen, ma Russland wäert Iech Käre ginn. Dee mécht dat doudsécher net fir näischt an dee probéiert natierlech dann, déi Länner u sech erun ze huelen."
Och wann d'Corridors de solidarité am Prinzip gutt funktionéiere géingen, misst ee sech awer d'Fro stellen, firwat ukrainesch Kären an Europa hänke bleiwen. Déi Fro misst awer net d'Ukrain beäntwerten. Op eenzel europäesch Länner wollt de Claude Haagen dann awer net mam Fanger weisen.