De Gaart ass op engem Grondstéck vum Seriemäerder sengem fréieren Haus zu Charleroi bei Bréissel.

Do huet de verurteelte Mäerder jo virun iwwer 25 Joer sechs Meedercher a jonk Frae méintlaang gefaange gehalen a vergewaltegt, ier d'Police den Dutroux festhuele konnt.

Ënnert anerem war och de Jean-Denis Lejeune, de Papp vum Julie, dat deemools vum Marc Dutroux ëmbruecht gouf, bei der Aweiung an huet Merci gesot, dass d'Erënnerung un d'Meedercher um Liewe gehale gëtt. Hien huet bedauert, dass et ëmmer nach änlech Fäll géife ginn.
E Gaart mat nei geplanzte Beem soll um Terrain vum ofgerappten Dutroux-Haus un d'Affer erënneren. D'Plaz soll der Stad Charlerei no eng Platz vum Fridden duerstellen.

RTL

Kritik gouf et ënnert anerem vum Gino Russo, dem Papp vum Mélissa, dat och vum Dutroux ëmbruecht gouf. Hie kéint kee Fridden mat de schrecklechen Dote maachen, sou de Russo der AFP géigeniwwer. Hien huet den Autoritéite grav Feeler bei den Ermëttlunge virgehäit. Hie géif sech dohier och nëmme mat Zougeständnesser un dësem Projet bedeelegen.

Fir méiglech Ënnersichungen an op Wonsch vun de Familljemembere vun den Affer, bleift de Keller vum Haus erhalen. Do huet de mëttlerweil 66-Joer-alen Dutroux seng Affer festgehalen a vergewaltegt. Hie gouf 1996 festgeholl an 2004 zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. Hie gouf schëlleg gesprach, an de Joren 1995 an 1996 am ganze 6 Meedercher a jonk Fraen entféiert, vergewaltegt an zwee dovunner ermort ze hunn.

D'Julie Lejeune an d'Mélissa Russo, zwee deemools 8 Joer jonk Meedercher, huet hien dem Urteel no bal 4 Méint laang am Keller gefaange gehalen, vergewaltegt an dunn erhéngere gelooss. Den Dutroux sëtzt zënter iwwer 25 Joer schonn an Isolatiounshaft.