Am Fall vun engem Sikh-Aktivist, deen am Juni virun engem Tempel a Kanada erschoss gouf, huet déi kanadesch Regierung elo schwéier Virwërf erhuewen.

Deemno soll déi indesch Regierung hannert dem Mord um kanadesche Staatsbierger stoen. Dësen huet sech fir en onofhängege Sikh-Staat ënnerhalb vun Indien agesat. Wéi de kanadesche Premierminister Justin Trudeau matgedeelt huet, solle "glafwierdeg Hiweiser" op e "méigleche Lien tëschent indesche Regierungsvertrieder an dem Mord um kanadesche Staatsbierger" virleien.

Nodeems Kanada an dem Kontext e Méindeg en indeschen Diplomat, dee verdächtegt gëtt am Mord involvéiert gewiescht ze sinn, ausgewisen huet, huet och Indien en Dënschdeg en héichrangege kanadeschen Diplomat opgefuerdert, d'Land ze verloossen. D'Uschëllegungen huet d'Regierung zu New Delhi zeréckgewisen an als "absurd" bezeechent. Indien wier  en demokratesche Staat "mat enger staarker Verflichtung zur Rechtsstaatlechkeet", sou den Ausseministère.

D'Bezéiungen tëschent béide Länner hate sech schonn am Juni nom Uschlag op den Aktivist verschlechtert. Kanada hat deemools Verhandlungen iwwert e Fräihandelsofkommes mat Indien op Äis geluecht. Vun Indien heescht et op der anerer Säit, Kanada wier géintiwwer den Aktivitéite vu radikale Sikh-Nationaliste blann.

D'Sikh-Communautéit a Kanada ass déi gréisst baussent dem indesche Bundesstaat Punjab. Ronn 58% vun der Populatioun am Punjab si Sikh'en, 39% sinn Hinduen. Besonnesch gewaltsam Onofhängegkeetsbestriewunge vun de Sikh gouf et hei an den 80er an an den 90er Joren.