En Donneschdeg am Nomëtteg koum et iwwert der Grenz an Däitschland, net wäit ewech vun Iechternach, zu engem Tornado.

Zu Nusbaum-Freilingen an der Äifel goufen en Donneschdeg am Nomëtteg eng 15 Haiser ofgedeckt, zwee Gebaier si statesch net méi an der Rei. Zwou Persoune goufe liicht blesséiert.

D'Pompjeeë waren am Krees Bitburg-Prüm am Asaz an Daachdecker-Entreprisen hunn hir Ënnerstëtzung ugebueden. Wéi den Trierischer Volksfreund mellt, hunn d'Secouristen zesumme mat den Daachdecker am Biergerhaus vun Nusbaum séier eng Koordinéierungscellule opgeriicht. Géint 20 Auer konnt een dunn nees Entwarnung  ginn.

Den Dag nom Tornado weist zu Nusbaum e Bild vun der Zerstéierung. Éischt Haiser sinn awer och scho provisoresch mat plastiks Baatschen ofgedeckt ginn, wéi Opnamen aus der Loft weisen. D'Schneis, déi den Tornado en Donneschdeg gezunn huet, ass op de Biller nach ze erkennen.

D'Awunner schwätze vun engem Tornado, deen duerch hiert Duerf gezunn ass. Souwuel den Trierischer Volksfreund, wéi och Kachelmann Wetter a Meteo Boulaide benotzen antëscht dës Terminologie. Meteolux hat sech en Donneschdeg an enger éischter Reaktioun jo nach net esou genee festleeë wëllen.

Bei MeteoLux nogefrot

Mir haten en Donneschdeg am Nomëtteg bei MeteoLux nogefrot, wat sech do an der Lëtzebuerger Grenzregioun bei Nusbaum, net wäit vun Iechternach ewech, ofgespillt huet.

Et wier schwéier, unhand vu Fotoen ze soen, ob et sech ëm en Tornado handelt. Mat Hëllef vun engem Video wier déi Aschätzung méi einfach ze maachen, heescht et vun den Experten. Ma tatsächlech géif villes um Bild op en Tornado hindeiten. An de Previsioune vu MeteoLux hätt et ganz schwaach Undeitungen op en Tornado-Potential ginn. Dat wier awer e bësse méi wäit am Oste gewiescht, esou d'Experten.

RTL

Unhand vun "Doppler-Radarbiller" ware plazeweis schwaach Rotatiounen z'erkennen, wat awer net bedeit, datt et och zu engem Tornado koum, esou MeteoLux, déi awer och confirméieren, datt et esou Biller aus der Regioun gouf, an där déi Fotoe gemaach goufen. De Biller no war dëst westlech vun Nusbaum ëm 15.45 Auer de Fall. Dat géif mat der Foto iwwerteneestëmmen.

RTL

Den Dopplerradar vun der Géigend. / © IRM/Meteolux