9/11-Ugeklote Ramsi Binalshibh als "prozess-onfäeg" deklaréiert ginn

© AFP/Archiv/Paul HANDLEY
Am Prozess ronderëm d'Terroruschléi vum 11. September 2001 zu New York ass ee vun den Haaptugekloten als onfäeg deklaréiert ginn, um Prozess deelzehuelen.
Dat huet den zoustännege Militärriichter en Donneschdeg am US-Gefaangenelager Guantanamo Bay matgedeelt. Den 51 Joer ale Binalshibh gëllt als ee vun de Käpp hannert den Uschléi, déi bal 3.000 Mënschen d'Liewe kascht hunn. Hie soll mam Muhammed Atta, dem Leader vun der "Hamburger Terrorzell" zesummegewunnt hunn, déi d'Fligerentféierunge geplangt an duerchgefouert huet. Datt de Ramsi Binalshibh incapabel ass, um Prozess deelzehuelen, ass sengem Affekot no dorop zeréckzeféieren, datt hie vum US-Geheimdéngscht CIA gefoltert gouf an deemno psychesch net bereet wier.
Nieft dem Binalshibh ginn nach 4 weider Männer ugeklot, dorënner de Khalid Sheikh Mohammed, deen als Haaptresponsabele fir d'Uschléi gëllt. Hinne gëtt ënnert anerem Terrorismus a Mord an insgesamt 2.976 Fäll virgeheit. Am Fall vun enger Verurteelung dréit hinnen d'Doudesstrof.
Den 11. September 2001 hunn 19 Membere vum islamisteschen Terrornetzwierk Al-Kaida véier Fligeren entféiert an zwee dovunner an de World Trade Center zu New York City an en drëtten an de Pentagon zu Washington gesteiert. Eng véiert Maschinn ass iwwert dem US-Bundesstaat Pennsylvania erofgefall. D'Uschléi gëllen als déi schlëmmst an der US-Geschicht. Well e puer vun den Terroristen zum Zäitpunkt vun den Doten u verschiddenen Héichschoulen zu Hamburg ageschriwwe waren a scho Jore virdrun do gewunnt hunn, krut de Grupp den Numm "Hamburger Terrorzell".