Wichteg Victoire fir Urawunner a Brasilien

© AFP/EVARISTO SA
Den Ieweschte Geriichtshaff a Brasilien huet an enger wichteger Decisioun den Usproch vun den Urawunner op d'Designatioun vu Schutzgebidder gestäerkt.
An enger Reegelung, déi och vun der a Brasilien besonnesch mächteger Agrar-Lobby ënnerstëtzt gouf, sollt festgeluecht ginn, datt nëmmen Terraine als Schutzgebidder deklaréiert ginn, wann zum Zäitpunkt vun der Deklaratioun och Urawunner do liewen. Well wärend der Militärdiktatur tëschent 1964 an 1985 vill Urawunner aus betraffene Géigende verdriwwe goufen, géif d'Unerkennung vun Terrainen als Schutzgebidder nach méi schwéier ginn.
Elo hu 7 vun 11 Riichter dës Reegelung refuséiert. Déi brasilianesch Societéit hätt eng "onbezuelbar Schold" géigeniwwer den Urawunner an et dierft "kee Réckschrëtt bei den unerkannte Rechter ginn", heescht et vun enger Riichterin. En anere betount, datt dës Terrainen "ënnert dem Schutz vum Staat stoe" mussen.
Experten no sinn d'Schutzgebidder immens wichteg an der Lutte géint d'Ofholzung vum Amazonas an domat och géint de Klimawandel.