Italien
Fréieren italieenesche President Giorgio Napolitano ass dout

© TIZIANA FABI AFP
Hien ass am Alter vun 98 Joer an engem Spidol zu Roum gestuerwen.
Den Büro vun der Regierungscheffin Giorgia Meloni huet den Dout vum fréiere Staatschef confirméiert. Den Giorgio Napolitano war fréier Kommunist a stoung vun 2006 bis 2015 un der Spëtzt vun Italien, sou laang wéi nach kee virdrun. Hie war de Virgänger vum aktuelle President Sergio Mattarella. Hien ass 2015 wéinst sengem héijen Alter zeréckgetrueden. Déi lescht Joren huet hien zeréckgezu gelieft.
Dacks huet hien och als moralescht Géigestéck zum populistesche Regierungschef Silvio Berlusconi gewierkt, dee jo 2011 zeréckgetrueden ass. Och international gouf de Politiker geschätzt.
Am meeschte gelies