Poopst hat Entrevue mat franséischem President Macron

© AFP/Andreas SOLARO
De Poopst Franziskus huet e Samschdeg um zweeten Dag vu senger Visitt zu Marseille e Gottesdéngscht virun zéngdausende Mënschen gehalen.
Fir d'Mass am Stadion vun der südfranséischer Hafestad gouf sech och de President Macron erwaart. Duerno hate béid Männer eng Entrevue, bei där et nieft dem Krich an der Ukrain och ëm de Sujet Migratioun goung.
E Freideg hat de Poopst bei enger Gedenkfeier zur Rettung vu Flüchtlingen am Mëttelmier opgeruff. Dëst wier eng Fro vun der Mënschlechkeet. Et kéint een dësen Tragedien a Schëffsonglécker net weider just nokucken, huet de Franziskus betount.
A Frankräich sinn iwwerdeems e Samschdeg och landeswäit Demonstratioune géint Policegewalt a Rassismus geplangt. Dat nodeems viru knapp dräi Méint e Jugendleche bei enger Autoskontroll bei Paräis ëm d'Liewe koum. D'Organisateure vun de Maniffe bekloen e systemesche Rassismus, Policegewalt an ëmmer méi grouss sozial Ongläichheeten.