No senger Visitt an der US-Haaptstad Washington huet den ukrainesche President Selenskyj och a Kanada Zousoen fir e weideren militäreschen Hëllefspak krut.

De kanadeschen Premier Trudeau huet Militärhëllefen an Héicht vun ëmgerechent 453 Milliounen Euro annoncéiert.

An dem Hëllefspak, deen iwwer dräi Joer geet, sinn ënnert anerem 50 militäresch Ween an d'Ausbildung vun ukrainesche Piloten un F-16-Kampfjets mat dran. Et géif een d'Ukrain weiderhin "staark an onmëssverständlech" ënnerstëtzen.

Zanter dem Ufank vum Krich huet Kanada schonn eng 8.9 Milliarden kanadesch Dollar un Hëllefen accordéiert.

Den ukrainesche President Selenskyj, fir deen et déi éischt Visitt a Kanada zanter dem Ufank vum Krich war, sot, et géif drëm goen, "d'Liewe vu Millioune vu Mënschen ze retten."