Premier Xavier Bettel op der UN-Vollversammlung zu New York

© BRYAN R. SMITH / AFP
De Klimawandel an Diskriminatioune bekämpfen: dat waren zwee Accenten e Freideg an der Ried vum Xavier Bettel zu New York.
De Lëtzebuerger Premier huet virun der 78. Assemblée générale vun der UN geschwat. Ugefaangen huet de Premier seng Ried mat der Fro no der Unioun, well een déi verschidde global Problemer nëmmen zesumme kéint ugoen.
Lëtzebuerg wier net dat gréisste Land. Ma de Grand-Duché géing sech ëmmer fir d'Zesummenaarbecht an d'Unioun asetzen. Dowéinst wëll Lëtzebuerg och weider an d'Kooperatioun investéieren. Och wann dat am eegene Land net ëmmer beléift wier, ze soen, dass ee Suen ausgëtt, fir Leit op der anerer Säit vun der Welt ze hëllefen.
Och den Effort an d'Ëmweltpolitik wier net bei jidderengem beléift. Ressource schoune bedeit nämlech och eng Verännerung am Alldag. Mä fir déi nächst Generatiounen an hir Zukunft wier et wichteg, haut schonn ze handelen, esou nach de Premierminister a senger Ried virun der UN-Vollversammlung. A senger Ried huet hien ënnerstrach, dass et noutwenneg wier, séier an effikass ze agéieren, fir déi nohalteg Entwécklung ze garantéieren a géint de Klimawandel virzegoen.
Ma et misst een sech net nëmme fir méi Ëmweltschutz asetzen, mee och fir méi Toleranz. Egal wou ee gebuer wier, wou seng Eltere gebuer sinn, wéi eng Relioun een hätt, wat engem seng sexuell oder politesch Orientatioun wier, misst een déi nämmlecht Rechter hunn op Wunneng, Educatioun an sou ze sinn, wéi een ass - an net wéi aner Leit wëllen, dat een ass. Mat deene Wieder huet de Xavier Bettel seng Ried virun der UN ofgeschloss.