Tensiounen tëscht Kiew a Warschau
President Selenskyj op onannoncéierter Visitt a Polen

© Ritzau Scanpix/AFP/Ida Marie Odgaard
Den ukrainesche President war dës Woch och an den USA an a Kanada, wou him weider Hëllefen am Krich géint Russland zougesot goufen.
Den ukrainesche President huet en onannoncéierten Tëschestopp a Polen gemaach an de Fräiwëllegen Merci gesot, déi sengem Land bis ewell gehollef hunn.
Den Tëschestopp huet als Hannergrond déi aktuell ugespaante Relatiounen tëscht Kiew a Warschau. Polen hat virun enger Partie Wochen säin Embargo fir ukrainesch Kären verlängert, fir d'Interessen vun den eegenen Baueren ze schützen an hat domat eng oppe Kris mat Kiew ervirgeruff.
Am meeschte gelies