Véier Doudeger no Schéisserei tëschent Polizisten an arméierte Männer

© AFP/Armend NIMANI
Am Kosovo gouf e Sonndeg eng Policepatrull vun arméierte Männer attackéiert, woubäi ee Polizist ëm d'Liewe koum.
Ronn 30 Bewaffenter hu sech spéider an engem Klouschter verschanzt a sech eng Schéisserei mat der kosovarescher Police geliwwert. Wéi den Inneministère spéider matgedeelt huet, goufen dobäi dräi vun den Ugräifer erschoss, de Rescht gouf festgeholl an d'Plaz nees ënner Kontroll bruecht. Eng grouss Zuel un Ausrëschtung a Waffe gouf séchergestallt.
Geschitt ass d'Attack am majoritär vun ethnesche Serbe bewunnten Norde vum Kosovo. De kosovaresche Premierminister Albin Kurti huet an dem Kontext vun engem "Terroruschlag" geschwat an der serbescher Regierung zu Belgrad virgeheit, mat finanzieller a logistescher Ënnerstëtzung hannert der Attack ze stiechen. Op enger Pressekonferenz huet hie Biller vun de presuméierten Täter gewisen, déi camoufléiert waren.
Och d'Presidentin vum Kosovo Vjosa Osmani huet de Virfall als "Ugrëff" bezeechent a betount, datt dëse weise géif, "datt déi vu Serbien organiséiert kriminell Banden eng destabiliséierend Wierkung hunn".
Vun der zoustänneger serbesch-orthodexer Diözees huet et geheescht, am Klouschter hätt sech "e Grupp vu Pilger" aus der serbescher Stad Novi Sad opgehalen. Si hätte sech do verbarrikadéiert, nodeems "maskéiert Männer an engem gepanzerte Gefier" d'Klouschter gestiermt hätten.
De serbesche President Aleksandar Vucic huet all Responsabilitéit vu sengem Land fir d'Attack zeréckgewisen. Bei den Ugräifer hätt et sech ëm Kosovo-Serbe gehandelt, déi es genuch vum "Kurti sengem Terror" haten. Duerch seng permanent Provokatioune wier den Albin Kurti eleng schold um Virfall. Et géing him Leed doen, "datt eng Rei Serbe senge Provokatiounen noginn hunn", sou de Vucic weider.
2008 huet de majoritär vun ethneschen Albaner bewunnte Kosovo seng Onofhängegkeet vu Serbien proklaméiert, där an den 90er Joren e bluddege Konflikt virausgaangen ass. Bis haut gëtt d'Land net vu Belgrad als onofhängeg unerkannt: Fir Serbien bleift de Kosovo eng serbesch Provënz. An deene leschte Méint sinn d'Tensiounen tëschent de Volleksgruppen am klenge Balkanstaat nees héich gekacht, nodeems d'Regierung zu Pristina am Mee ethnesch albanesch Buergermeeschteren a Gemengen asetze wollt, an deene gréisstendeels Serbe wunnen. Dëst huet Ausschreidungen ausgeléist, bei deenen ënnert anerem 30 Zaldote vum NATO-Friddenstrupp KFOR blesséiert goufen.