Eng RTL-Ekipp war op der Plaz an huet zu Irpin den Alldag a Klinicken, déi mat Lëtzebuerger Hëllef ënnerstëtzt ginn, materlieft.

Irpin, Boutcha, d'Nimm vu Stied déi an d'Geschicht aginn.

Et war eng vun de kruziale Schluechten d’lescht Joer am Mäerz. Wou d’Russe viru Kiew gestoppt goufen. Lues a lues fänken d'Mënschen zu Irpin un, d'Spueren ewech ze botzen. Haiser, Schoulen, Klinicke gi renovéiert. 200 bis 300 Awunner sinn duerch d'Artillerie ëm d'Liewe komm. Iwwer 10.000 sinn ze Fouss aus der Stad geflücht.

D'Lëtzebuerger Rout Kräiz huet zesumme mat der Belscher Croix-Rouge 3 Klinicke renovéiert, déi duerch d'Kämpf beschiedegt goufen. Dorënner en Zenter, an deem Patiente sech no enger Häerzoperatioun erhuelen. Wärend der Schluecht vun Irpin haten d'Russen d'Gebaier besat an do hiert Haaptquartéier ageriicht. D'Gebai gouf staark geschiedegt. Bannen haten d'Russe Feier geluecht. Den Dokter Vitali Demanchuk erënnert sech haut nach voller Emotioun, wéi hien zesumme mam Personal Enn Februar 2022 d'Patienten op Kiew evakuéiert huet.

Haut ass näischt méi vum Schued ze gesinn

D'Zuel un Häerzinfarkter huet zanter dem Ufank vun der russescher Aggressioun kloer zougeholl. 91 Patienten erhuele sech den Ament am frësch renovéierte Gebai, no enger Operatioun. Am Ganze stinn 115 Better zur Verfügung. 2.500 Patiente ginn iwwert d'Joer verdeelt opgeholl.

D'Gebai gouf vu vir bis hanne renovéiert, wéi d’Myriam Jacoby erkläert. D'Mataarbechterin vum Roude Kräiz suivéiert d'Dossieren an der Ukrain zanter 11 Joer. E Land, wat d'Lëtzebuerger Rout Kräiz gutt kennt. D'Zesummenaarbecht mat der Ukrain geet op d'nuklear Katastroph vun Tschernobyl zeréck.

Zwou Kannerklinicken zu Irpin a Boyarka

Duerch der Hëllef aus Lëtzebuerg an der Belsch, konnten zu Boyarka, wou 325 Better zur Verfügung stinn, all d'Departementer un de Sauerstoff ugeschloss ginn. Extrem wichteg op engem Ament, wou d'Zuel u Fréigebuerte kloer zougeholl huet.

D’Katrina Savinova, Direktesch vun der Kannerklinik erkläert: "Mir traitéieren 3 Mol méi Patienten. Leit aus der ganzer Ukrain kommen hei an d'Regioun vu Kiew. Den Ament ginn 280 Kanner behandelt. Eng Mamm vun Zwou déi hei accouchéieren, lieft honnerte Kilometer ewech un der Front am Osten. De Stress, d’Rees, dat ginn oft Fréigebuerten."

Eng wieder Kannerklinick ass den Ament nach am Schantjen. Nei Röntgenapparater ginn installéiert. Dës si wichteg, well hei Longekrankheete behandelt ginn.

Den Drock op den ukrainesche Gesondheetssystem a senge Patienten ass enorm. D'Autoritéite ginn dervun aus, datt am ganze Land eng 540 Klinicke bis ewell zerstéiert oder beschiedegt goufen.