Nordoste vu Frankräich
Et gëtt nom 15 Joer jonke Lina gesicht

Am Nordoste vu Frankräich suergt d’Verschwanne vun engem 15 Joer jonke Meedche fir Opreegung.
D’Police vu Stroossbuerg an d’Gendarmerie vu Bas-Rhin hunn eng Enquête opgemaach, wéinst enger, wéi et heescht "beonrouegender Disparitioun".
D’Meedche wollt e Samschdeg den Zuch aus sengem Duerf a Richtung Stroossbuerg huelen, fir do Frënn ze treffen. Et wier awer ni op der Gare ukomm. Zanterhier feelt vn him all Spuer.
D’Police freet no Zeien an huet och e Méindeg scho ronderëm d’Duerf, wou et wunnt, mat Helikopteren an Dronen, wéi och mat Leit um Buedem gesicht.
Tweet
Am meeschte gelies