Vill Doudesfäll a Minne vun ArcelorMittal am Kasachstan

© RUSLAN PRYANIKOV AFP
Bannent deene leschte 15 Joer sinn iwwer 100 Aarbechter a kasachesche Minne vun ArcelorMittal gestuerwen.
Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, wieren eleng am November zejoert an am August vun dësem Joer jeeweils 5 Mënsche bei Explosiounen a Minne vun ArcelorMittal am Kasachstan ëm d'Liewe komm.
Wéi ee Minnenaarbechter, deen no der Explosioun am November zejoert deelweis geläämt ass, géigeniwwer der Noriichtenagence sot, géif ArcelorMittal seng Aarbechter am Land wéi Sklave behandelen a wann dat esou géif weidergoen, géife weider Mënsche stierwen. Déi déidlech Accidenter wieren dorop zeréckzeféieren, dass déi Responsabel vun ArcelorMittal am Land ze giereg wieren. Et géifen ze wéineg Suen an neit Equipement a Sécherheet investéiert ginn an et hätt een ze wéineg Aarbechter.
Déi kasachesch Branche vun ArcelorMittal, ArcelorMittal Temirtau, wollt sech géigeniwwer der AFP net zu de Reprochen äusseren.
En vue vun der héijer Zuel vun Doudesaffer huet de kasachesche President Kassym-Jomart Tokayev domat gedreet, d'Minne vun der Firma am Land zouzemaachen. Well de Minnesecteur awer 17 Prozent vum kasachesche PIB ausmécht, geet kaum een dovun aus, dass dat passéiere wäert.