Genmanipuléiert Agrikultur fir Europa?
D'Lëtzebuerger Organisatioune wiere sech géint Propos vun EU-Kommissioun.
Aktuell diskutéiert d'EU-Landwirtschaftsministeren iwwert d'Propos vun der EU-Kommissioun, deem no gentechnesch verännert Liewensmëttel an Zukunft net méi markéiert musse ginn, wann d'Verännerung vun der DNA och duerch natierlech Ziichtung verännert ka ginn.
Weltwäit kämpft d'Landwirtschaft zanter Jore mat extremer Dréchent. Bréissel erhofft sech mat der Dereguléierung vun neie gentechnesche Methoden nei Planzenzorten, déi manner Waasser brauchen oder méi resistent par Rapport zu Krankheete sinn. Méi komplex genetesch Verännerunge sollen net dorënner falen. Eng Rei auslännesch ewéi och Lëtzebuerger Vertrieder awer wiere sech géint dës Propose a fäerten ëm d'Qualitéit vu Liewensmëttel an d'Onofhängegkeet vun de Betriber. Den däitschen Gentechnik-Expert an Direkter vu "Save Our Seeds" der däitscher Fondatioun fir d'Zukunft vun der Landwirtschaft Benny Haerlin schléit awer Alarm: "Dat huet konkret als Konsequenz, datt praktesch all gentechnesch manipuléiert Produiten net méi gekennzeechent musse ginn. Se mussen net méi op hir Risiken am viraus gepréift ginn, se kënnen net méi zeréckgeholl ginn an et kënnen Patenter op den eenzele Produiten entstoen.“
Bei der neier Method schaffen d‘Fuerscher mat enger sougenannter Gen-Schéier. Bei dëser Technik gi keng friem Genen ageplanzt, ma just schonn existéierend Genen op der DNA ausgetosch. Déi suergen zum Beispill dofir, datt Planze méi Widderstandsfäeg sinn. Vill Fuerscher waarde scho laang op eng Oplockerung vun de Gesetzer. D'Bauere warne awer virdrun, datt de Betrib riskéiert, seng Onofhängegkeet ze verléieren – e Beispill aus Südamerika vum Sara Thill vun der Lëtzebuerger Landjugend-Jongbaueren: "Do ginn et scho genmanipuléiert Soja-Zorten déi 'Round-Up-ready sinn'. Dat heescht do kann de Bauer ganz einfach mat Glyphosat driwwer fueren an da geet am Fong all eenzel Planz futti ausser de Soja. Firwat gëtt de Bauer ofhängeg? D'Produktioun vum Som a vum Sprëtzmëttel gi vun der nämmlechter Firma bedriwwen."
Net ganz verbidden, mä virsiichteg bleiwen
Déi jonk Bauere wëllen neigezischte Planzen net onbedéngt verbidden. Fuerderen awer streng Prozedure virun der Zouloossung an d‘Kennzeechnung vun de Produiten, déi herno am Supermarché landen.
Zu Lëtzebuerg gi ronn siwe Prozent vu de Fläche vu Biobauere bedriwwen. E relativ nidderegen Undeel am EU-Vergläich. Bio-Bauerenhäff dierfe net mat genmanipuléiertem Som schaffen. Fäerte mat enger neier méiglecher Reglementatioun awer ëm hir Recolte. "Wann elo awer en Noper zum Beispill gentechnesch-verännerte Som asetzt, da weess de Biobauer dat net,"erkläert Dani Noesen vun der Vereenegung fir Biolandwirtschaft. “Dat ka sech awer ausbreeden. An bemol huet de Biobauer genmanipuléiert Produiten a sengem Stéck stoen.“
Dem Gentechnik-Expert Benny Haerlin no géing d‘Léisung éischter Richtung méi villfälteg uplanzen. Ausser et wéilt ee – laangfristeg – den amerikanesche System kopéieren: "An den USA, a Brasilien gi grouss Fläche mat Gentechnik-Soja a Weess ugeplanzt. An do hu mer genau déi Problemer déi Monokulturen ëmmer matsechbréngen, et musse méi Herbiziden agesat ginn.“
Déi spuenesch Presidence vum EU-Rot wëll bis Enn dës Joers eng Eenegung areechen. Dat nächst Joer dann, nach virun den nächsten Europawalen, kéint d'EU-Parlament iwwert déi nei Reglementatioun ofstëmmen.