Wann dës Woch net nach e Wonner geschitt, da mécht den US-amerikanesche Regierungsapparat vun e Sonndeg u seng Dieren zou, dat bis op onbestëmmten Zäit.

D'Ursaach fir de méigleche Shutdown sinn e Grappvoll Republikaner am Representantenhaus, déi e Finanzéierungsgesetz blockéieren.

Méigleche Shutdownan den USA / Korrespondenz vum Georges Zens

Dass d'amerikanesch Politik déif gespléckt ass tëscht den Demokraten an de Republikaner, ass gewosst. D'Demokrate kontrolléieren d'Wäisst Haus an de Senat an d'Republikaner kontrolléieren d'Representantenhaus. Dat féiert dozou, dass d'Regierungsgeschäfter dacks geläämt sinn, och well ëmmer manner Membere vum Kongress bereet sinn, mat Leit vun der respektiver Géigepartei zesummen ze schaffen.

Dëse Manktem u Kooperatioun huet sech an de leschte Joren däitlech verstäerkt. Nei ass awer elo, datt et d'Spléckung innerhalb vun enger vun deenen zwou Parteien - nämlech de Republikaner - ass, déi dofir suergt, dass Washington momentan nach méi blockéiert ass, ewéi soss.

An zwar geet et em de Finanzement vum gesamten amerikanesche federale Regierungsapparat. Fir dass déi amerikanesch Regierung a Verwaltunge kënne funktionéieren, muss all Joer hire Finanzement vum Kongress nei autoriséiert ginn. An zwar muss dat virum 1. Oktober geschéien.

Wann deen Delai net agehale gëtt, da si keng Sue méi do, an da mécht den amerikanesche Staat zou. Et kënnt zum sougenannte "Shutdown". Déi eng Verwaltunge maache komplett zou, wärend anerer, déi als essentiel agestuuft sinn, weiderschaffen, allerdéngs ouni Pai. Dozou gehéieren zum Beispill d'Fluchlotsen an d'Militär.

D'Republikaner hunn am Representantenhaus eng kleng Majoritéit iwwer d'Demokraten, vun 221 zu 212. Um extrem rietse Bord vun deene Republikaner ass en haarde Kär vun enger 20 Leit, déi bis elo all Efforten, fir d'Finanzéierungsgesetz ze stëmmen, blockéiert hunn. Si si kee geschlossene Block a maachen dat aus ënnerschiddleche Grënn, mä et sinn der ëmmer genuch, déi géint all Form vu Kompromëss stemmen, fir dass näischt virugeet.

Déi eng wëllen zum Beispill, dass d'amerikanesch Regierung der Ukrain net méi finanziell oder militäresch hëlleft. Anerer, dass d'Finanzéierungsgesetz net als Gesamtheet gestemmt gëtt, mä als 12 individuell Gesetzer, an nach anerer, dass d'Ausgabe vun der amerikanescher Regierung op den Niveau vun 2019 erofgedréckt ginn. E puer ganz radikaler schliisslech verlaangen, dass den US-amerikanesche Regierungsapparat misst op dat Essentielt reduzéiert ginn, also haaptsächlech op d'Defense. Dëse Grupp wëll de Shutdown absichtlech provozéieren.

De Speaker vum Representantenhaus, de kalifornesche Republikaner Kevin McCarthy, huet et bis elo nach net fäerdegbruecht, genuch vu senge Parteikolleegen z'iwwerzeegen, fir et net zu engem Shutdown kommen ze loossen. An natierlech bräicht hien dat och net, wann ee géing mat den Demokraten am Representantenhaus zesummeschaffen. Mä éischtens maachen déi hiren eegene politesche Kalkul, an hu bis elo keen Interessi dru gewisen, fir dem McCarthy ze hëllefen, och wann dat am Interêt vum ganze Land wier. An zweetens wier et fir de Kevin McCarthy politesche Selbstmord, wann hie géing Stëmme bei d'Demokrate siche goen, fir géint seng eege Parteikolleege ze gewannen.

Am Senat schaffen d'Demokraten an d'Republikaner besser zesummen, an e Kompromëss läit do schonn um Dësch. Mä ouni d'Representantenhaus leeft guer näischt, an déi verschidde Verwaltungen sinn amgaang, sech op e Shutdown ze preparéieren.

Wéi laang esou e Shutdown dauere kann, dat steet an de Stären. Zanter 1980 ass et schonn zéng Mol zu sou enger Situatioun komm. Meeschtens huet dat manner wéi eng Woch oder souguer nëmmen een Dag gedauert, mä dee längste Shutdown, an och dee rezentsten am Joer 2018, war réischt no 35 Deeg eriwwer. Et ass ëmmer nach méiglech, dass en Deus ex Machina a Form vun enger kuerzfristeger Iwwergangsléisung virun e Sonndeg fonnt gëtt, mä et gëtt ëmmer méi onwarscheinlech.