US-Zaldot Travis King aus dem Land verwisen an un d'USA ausgeliwwert

Nordkorea huet decidéiert, den US-Zaldot Travis King, deen am Juli vu Süd- an Nordkorea geflücht war, erëm aus dem Land auszeweisen.
Wéi et heescht wier hien awer schonn e Mëttwoch de Mëtteg un d'USA ausgeliwwert ginn.
Den Amerikaner hat Mëtt Juli bei enger Sightseeing-Tour duerch déi demilitariséiert Zon tëscht Süd- an Nordkorea d'Grenz passéiert.
No enger Kläpperei, engem Virfall mat der Police an enger Zäit am südkoreanesche Prisong, sollt den Zaldot am Juli zeréck an d'USA fléien an do virum Militär-Geriicht gehéiert ginn. Fir dat z'evitéieren, ass hien an Nordkorea geflücht.
D'Relatiounen tëscht béide Länner sinn aktuell um Déifpunkt. Op d'Annonce vun Nordkorea, weider Waffe wëllen ze developpéieren, hu Südkorea an d'USA mat verstäerkter militärescher Kooperatioun reagéiert.
Iwwert d'Jore goufe schonn eng Rei Amerikaner an Nordkorea festgehalen a vu Pjöngjang genotzt, fir Drock op d'USA ze maachen. Ee vun deene leschte war de Student Otto Warmbier, deen annerhalleft Joer laang do festsouz, ier hien am Koma zeréck an d'USA bruecht gouf. Sechs Deeg duerno ass hie gestuerwen.
Och eng hallef Dosen US-Zaldote sinn nom Koreakrich an den Norde geflücht a goufen do fir Propaganda-Zwecker mëssbraucht. Ee vun hinne war den Zaldot Charles Robert Jenkins, deen 1965 e bëssen ze vill gedronk hat, ier hien op Patrull an der demilitariséierter Zon war an dunn an den Norde gaangen ass, fir net mussen an de Krich am Vietnam ze goen. Obschonn hie seng Decisioun séier bereit huet, gouf hie joerzéngtelaang do festgehalen, huet nordkoreaneschen Zaldoten Englesch bäibruecht an ass a Propaganda-Broschüren a Filmer opgetaucht. Wéi hien 2004 endlech huet dierfen zeréck a seng Heemecht goen, huet hien iwwert déi schrecklech Liewenskonditiounen am Norde beriicht, bis hien 2017 gestuerwen ass.