D’Lëtzebuerger Rout Kräiz weit e Rehazenter an der Ukrain an
All Dag, deen de Krich weider dauert, klëmmt d'Zuel vun Affer. Op béide Säiten.
Offiziell zouverlässeg Zuele ginn et keng. D'lescht Woch gouf bei Kiew e Rehazenter ageweit, deen, nodeem e bombardéiert gi war, mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger, belschen an ukrainesche Roude Kräiz nees opgebaut gouf.
D'Aweiung war mat enger klenger Feier verbonnen, bei där déi zoustänneg ukrainesch Ministesch, d'Zuel vun 300.000 Mënsche genannt huet, déi zanter dem Ufank vum Krich, op Reeducatioun ugewise sinn.
Amerikanesch Sourcë ginn dervun aus, dat et iwwer 120.000 blesséiert ukrainesch Zaldote ginn. An iwwer 17.500 verletzt Zivilisten. Zuelen, déi en direkten Impakt op d'Besoinen u Reeducatioun hunn. Op engem Ament, wou d'Verdeedegung vum Land, Prioritéit am ukrainesche Staatsbudget huet.
Ukrainesch Ministesch fir Sozialpolitik, Oksana Jolnovytch:
''Virum Krich gouf et eng 2,7 Milliounen Ukrainer, déi en Handicap haten. Elo no knapps zwee Joer sinn et eng 3 Milliounen. 300.000 nei Fäll goufe bis elo enregistréiert.''
De Rehazenter vu Liutyzh ass eng Oase, mëtten am Pinie-Bësch. Net wäit vum Internationale Flughafen. Villäicht eng Erklärung, firwat d'Haapt-Gebai direkt am Ufank vun der russescher Invasioun getraff gouf.
No 10 Méint un intensive Renovatiouns-Aarbechten, konnten Enn Juli éischt Patienten nees opgeholl ginn.
''Ech fille mech hei wuel. Ech hunn ongedëlleg op d'Ouverture gewaart. Aner Alternative goufe mer proposéiert. Ma ech wollt heihi kommen. Hei sinn d'Servicer vun héijer Qualitéit. Massagen, Elektro-Therapie, Schlamm-Bieder. '' sou Svetlana, en zivilt Affer vum Krich.
Renovatiouns-Aarbechten goufe kofinanzéiert vum ukrainesche, belschen an dem Lëtzebuerger Roude Kräiz. Käschte-Punkt: eng hallef Millioun Euro.
D'Myriam Jacoby vum Lëtzebuerger Roude Kräiz huet 11 Joer Erfarung an der Ukrain:
''Hei ass zum Beispill en Zenter, deen huet 165 Plazen. A wann een dann de Besoin op der anerer Säit kuckt, deen ass jo vill méi héich. Dat heescht, mir brauche vill méi esou Zenter, déi opginn. An d'Regierung vun der Ukrain ass och amgaangen z'iwwerleeën, fir e bësschen och an de Spideeler kleng Zenter op ze maachen. Fir kënnen iwwerhaapt an Tëschenzäit, wann erëm Plazen an de Rehazenter opginn, z'iwwerbrécken.''
D'Installatioune si modern. D'Physio-Therapeutin Amina erkläert, wéi déi 14 Joer jonken Oleksander nees goe léiert. E Roboter hëlleft him, Muskelen a Gelenker ze stäerken.
Iwwerdeems trainéiert d'Oksana hiren Uewerkierper. 2014, wärend der éischter Invasioun vum Donbas, war d'Fra bei Luhansk mam Auto op eng Minn gefuer.
''2017-18 war ech schonn hei am Zenter. Ech hu geléiert strécken, um Computer schaffen. Hei fillen ech mech wuel. Ech ka mäin Handicap praktesch vergiessen.''
D'Oksana erzielt, wéi schockéiert si war, wéi se iwwer d'Sozial Medie gewuer gouf, dat de Rehazenter duerch russesch Artillerie beschiedegt gouf.
''Et ass e Rapport erauskomm, dee seet dat 25% vun de Reeducatiouns-Zenter, vun de Spideeler wärend dësem Konflikt direkt affektéiert ginn. Dat heescht, si (d'Russen) respektéieren u sech net d'Reegele vum Krich", sou d'Myriam Jacobi vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.
Näischt, schreckt d'russesch Arméi dervun of, Cliniquen, Rehazenter un ze gräifen. D'Populatioun ze terroriséieren. Kloer, een Element, wéi d'Russeschen dëse Krich féieren.
De Maxim Dotsenko, Generaldirekter vum Ukrainesch Rout Kräiz:
''Mir brauche Courage. Mir brauche Courage. Fir Ukrain nees op ze bauen. An natierlech brauche mir all dat, wat Dir hei gesitt. Alles, wat zesumme mat eise Partner geschitt. Definitiv brauche mir méi Ënnerstëtzung. Wëll d'Besoinen enorme sinn. Mir brauchen eng méi laangfristeg Planung.''
Mir wäerten och an 10 Joer, nach un ärer Säit stoen, sou d'Versprieche vu Lëtzebuerg.