Betraff sinn hei déi ukrainesch Regioune Cherson, Saporischschja, Donezk a Luhansk.

D’Russe kontrolléieren zwar keng vun dëse Regioune komplett an hunn och schonn Deeler missen opginn, mä d’Zil bleift, fir déi ukrainesch Gebidder komplett z'iwwerhuelen. An der Verfassung sti se elo schonn als nei russesch Regiounen. Mä kee Land op der Welt erkennt se un.

E Freideg gëtt op alle Fall op der Rouder Plaz zu Moskau gefeiert, dat ënner anerem mat Pop-Concerten. An e Samschdeg ass offizielle Feierdag, den Dag vun der "Vereenegung" vun de Regioune mat Russland.