Kuerz hanner Tréier gouf et en Donneschdeg den e schwéieren Accident op der A1, an deen zwee Camionen an eng Camionnette verwéckelt waren.

Eng Persoun gouf dobäi liewensgeféierlech an zwou weiderer schwéier blesséiert.

Wéi et vun der däitscher Police heescht, huet ee Camion misste wéinst engem Stau bremsen an och d'Camionnette mat zwou Persounen, déi hannert him war, koum zum stoen. En zweete Camion krut awer net méi gebremst an ass mat héijer Vitess hannen op d'Camionnette gerannt an huet dës säitlech ënnert den éischte Camion gedréckt.

D’Autobunn a Richtung Saarbrécken hat fir knapp 5 Stonne musse komplett gespaart bleiwen. De Parquet vun Tréier huet eng Enquête ordonéiert.