Kritik vun UNICEF
Mëttelmier ass "e Kierfecht fir Kanner" ginn

© AFP/Gianluca CHININEA
Dëse Summer wieren 990 Persounen, dorënner Kanner, um Mëttelmier a Séinout geroden. Dat wieren der dräimol méi wéi tëschent Juni an August 2022.
Op d'mannst 334 vun hinnen hätten dobäi hiert Liewe verluer. D'UNO-Flüchtlingswierk hat e Freidegmoien nei Zuelen iwwert d'Fluchtversich iwwer d'Mëttelmier publizéiert. Zanter dem Ufank vum Joer sinn am Ganzen iwwer 2.500 Mënsche gestuerwen oder verschwonnen.
Am meeschte gelies