Eurostat
Präisdeierecht an Eurozon um nidderegste Punkt vu leschten zwee Joer

© AFP
Éischte Schätzungen no louch den Inflatiounstaux am September am Joresverglach bei 4,3 Prozent, deen nidderegste Wäert zanter Oktober 2021.
Am August waren d'Präisser nach ëm 5,2 Prozent geklommen. Besonnesch Liewensmëttel, Alkohol an Tubak hunn d'Präisdeierecht am September eropgedréckt, d'Energiekäschten op där anerer Säit waren awer kloer réckleefeg.
Am meeschte gelies