Katalin Karikó an Drew Weissman hunn zur Entwécklung vun mRNA-Vaccine bäigedroen

© AFP/Archiv/Juan Pablo Rico
Mat der mRNA-Technologie konnten d'Corona-Vaccine vu Biontech/Pfizer a Moderna entwéckelt ginn.
Déi ungaresch Biochemikerin Karikó an den US-Immunolog Weissman kruten de Medezin-Nobelpräis. Mat hiren Decouverten zu der Verännerung vun Nukleoblose hätte si "d'Entwécklung vu wierksamen mRNA-Impfstoffer eréischt méiglech gemaach", huet et vum Nobel-Kommitee zu Stockholm geheescht.
"Datt déi éischt mRNA-Impfstoffer vu Pharmabetriber a Rekordzäit entwéckelt konnte ginn an entscheedend zur Andämmung vun der Covid-19-Pandemie bäigedroen hunn, ass net zulescht den Erkenntnisser vun dëse Fuerscher ze verdanken", huet et vum Verband vun de Fuerschende Pharmaproduzente geheescht.
Traditionell mécht den Nobelpräis an der Medezin den Ufank. En Dënschdeg an e Mëttwoch sinn et dann déi fir Physik a Chimie, en Donneschdeg dee fir d'Literatur, e Freideg dee fir de Fridden an zum Schluss, de Méindeg drop, dee fir d'Wirtschaftswëssenschaften.
All Präis ass mat 10 Millioune schweedesche Krounen, also ronn 870.000 Euro, dotéiert.

© AFP