Pro-russesche Politiker Fico mat Formatioun vu Regierung beoptraagt

No der Parlamentswalen an der Slowakei wäert de fréiere Regierungschef vum Land probéieren, eng weider Kéier eng nei Regierung op d'Been ze stellen.
Déi slowakesch Presidentin huet dem Chef vun der lénkspopulistescher Smer-SD den Optrag ginn, am Parlament eng Majoritéit ze fannen an eng nei Regierung opzebauen. Et wier hir Aufgab als Staatscheffin, fir d'Resultat vun de Walen ze respektéieren an d'Funktioun vun der Institutioun, esou wéi d'Verfassung et virgesäit, ze garantéieren, esou d'Presidentin Zuzana Caputova, déi am liberale Lager hir politesch Heemecht huet.
Observateure ginn dovunner aus, datt d'Slowakei, selwer e Member vun der EU an der NATO, ënnert der Féierung vum Fico wuel net méi zu de grousse Supporter vun der Ukrain kéint gehéieren, wéi dat bis elo de Fall war. Et geet een éischter dovunner aus, datt d'Slowakei en änleche Wee wéi Ungarn kéint aschloen.
De Fico ass awer, wann een eng Regierung wëll op d'Been setzen, ofhängeg vun anere Parteien, fir eng Majoritéit am Parlament zu Bratislava, an deem 150 Leit sëtzen, ze kréien. Seng Partei krut ronn ee Véierel vun de Stëmmen. E méigleche Partner wier d'Hlas-SD, eng Partei aus dem lénke Spektrum. D'Membere vun dëser Partei hate sech 2020 vun der Smer getrennt an eng eege Partei gegrënnt. E méiglechen drëtte Partner kéint déi slowakesch Nationalpartei SNS ginn.
Scho vun 2006 bis 2010 an 2012 bis 2018 war de Fico Regierungschef an der Slowakei an hat schonn zwee Mol eng Regierung mat der SNS forméiert. Wéi d'Smer selwer ass och d'SNS géint eng Militärhëllef fir d'Ukrain.
2018 huet de Fico missten zerécktrieden, nodeem de Journalist Jan Kuciak a seng Verloobt ëmbruecht goufen. De Kuciak hat bei senge Recherche Verbindungen tëscht der Smer-Partei an der italieenescher Mafia opgedeckt.