Et vergeet keen Dag an der Ukrain, wou et net e Loft-Alarm geet. Déi lescht Nuecht war och nees d'Haaptstad Kiew betraff.

Dës Kéier goungen d'Sireene kuerz no 3 Auer. Deel vun der russescher Taktik, d'Populatioun ze terroriséieren, andeem d'Leit ëmmer nees aus dem Schlof gerappt ginn. An awer probéieren d'Ukrainer, sou wäit wéi méiglech, eng gewëss Normalitéit am Alldag ze behalen.

Den Dag iwwer ass Kiew eng Stad, déi lieft. D’Leit ginn op d'Aarbecht. Ginn akafen. Treffe sech am Café. Virun de Restaurante si bei herrlechem Wieder d’Terrassen nach op. Op en éischte Bléck kéint een d’Gefill hunn, den normalen Alldag wier zeréck. En éischten Androck, deen awer täuscht.

"D’Restauranten, d’Baren. D’Leit ginn nees eraus. Ma déi, déi der hei gesitt, sinn net déi Ukrainer, déi richteg vum Krich affektéiert sinn. Hei am Zentrum kann ee spadséieren, Loft huelen. Ma vill Leit goufe méi aggressiv. Sinn net méi sou relax. Heiansdo hu mer Spaass. Ma u sech gouf d’Liewe méi haart, ‘’ sou déi jonk Ukrainerin Christina. Vu Beruff Model an Designerin.

An eng méi stänneg Hausfra weider: ‘’Hei zu Kiew ass d’Liewe besser. Et ginn Aläerten. Do hu mir ons dru gewinnt. Heiansdo ginn et och Attacken. Dat ass haart. Ma dat ass onst Liewen. Mir hunn ons dru gewinnt."

Dru gewinnt. Oder awer net? "Milliounen Ukrainer leide séilesch." sou eng Mataarbechterin vum lokale Roude Kräiz.

De Krich gehéiert zum Alldag. Och zu Kiew.

Och wann d’Front iwwer 400 Kilometer ewech ass. Op der Plaz virun der Kathedral si russesch Krichs-

Trophéeën ausgestallt. Um Maidan erënnert e Mier u klenge Fändelcher un déi Dausenden ukrainesch Zaldoten, déi bis elo gefall sinn. Zeréck an d’Stroosse vu Kiew kënnt de Krich virop, wann d’Sonn ënner geet.

Nuets wiisst d’Ongewëssheet. Vu Mëtternuecht u bleift d’Liewen an der Haaptstad stoen. Da gëllt d’Ausgangsspär. … Aus guddem Grond. Virop Nuets haulen d’Sireene vum Loftalarm. Meeschtens tëscht 2 a 6 Auer Moies. De Warnsystem iwwer App ass extrem performant. Jidderee ka suivéieren, wat fir eng Regioune grad vun de Russen attackéiert ginn. U sech bleift genuch Zäit, fir Schutz an engem Keller ze fannen. Oder zum Beispill ënnert de Quaie vun der Gare vu Kiew. Ma vill Ukrainer si wuertwiertlech midd. Ëmmer nees aus dem Schlof gerappt ze ginn. Meeschtens 2 Stonnen am Schlofmutz-Raum ze verbréngen. Ier et Moies nees weider op d’Aarbecht geet.

"Mir hätte kënne fort goen. Ma mir hunn et net gemaach. Kiew ass déi bescht Plaz fir ons, an der Ukrain. Et gi Bunker. Heiansdo geet de Lift awer net. Da musse mir mam Kand déi enk Trapen erof. 25 Stäck. Dat ass de Grond, firwat mer oft net méi erof ginn. ‘’ sou d'Anastasya, Mamm vun engem klenge Kand.

No 584 Deeg Krich hu vill Ukrainer de Reflex verluer, sech a Sécherheet ze bréngen.

Ginn oft just nach erof an de Keller, wann en éischte Missile schonn ageschloen huet. Respektiv d’Loftofwier een erofgeschoss huet.

D'Anastasia Chirkova vum Roude Kräiz vu Kiew gëtt kritesch zou: "Mir adaptéieren eis. Heiansdo vergiesse mer, datt Krich ass. Mir maache weider dat, wat mer grad amgaange sinn. Och wann den Alarm geet. Verschidde vun eis, ginn dowéinst geaffert. ‘’

Midd, awer widderstandsfäeg, Wëllen d’Ukrainer sech op kee Fall ënnerkréie loossen. D’Konscht ass e Moyen, fir d’Resistenz zum Ausdrock ze bréngen.