Si gi fir Experimenter geéiert, déi der Mënschheet nei Instrumenter fir d'Erfuerschung vun der Welt vun den Elektronen an Atomen a Molekülle ginn huet.

Dat huet déi kinneklech-schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften zu Stockholm matgedeelt.

De Wëssenschaftler wier et gelongen, "extrem kuerz Liichtimpulser" ze produzéieren, déi genotzt kënne ginn, fir d'Verhale vun Elektronen ze moossen, heescht et an der Argumentatioun vum Jury.

De Ferenc Krausz fuerscht als Direkter um Max-Planck-Institut fir Quantenoptik (MPQ) zu Garching bei München, souwéi un der Ludwig-Maximilians-Universitéit München.

D'Anne L’Huillier schafft un der Universitéit Lund (Schweden) an de Pierre Agostini un der Ohio State University (USA).