Nodeems ufanks vun dräi Doudege Rieds war, hunn d'Autoritéiten elo confirméiert, datt eng Persoun erschoss gouf.

6 Leit goufe blesséiert. Zeie schwätze vun enger Dose Schëss. De presuméierten Täter ass ee 14 Joer ale Bouf mat engem Revolver. Hie gouf verhaft. Den Zenter an d'Metro-Statioun Siam goufen zougemaach.