"Keng Léisung op diplomateschem Wee ze gesinn"
Zesumme mat den EU-Ausseminister huet de Jean Asselborn e Méinden déi ukrainesch Haaptstad Kiew besicht.
"Et ass eng historesch Visitt, nach ni koum de Conseil vun den Ausseminister an engem Land zesummen, wat am Krich ass", huet den Ausseminister Jean Asselborn en Dënschdeg de Mëtten direkt am Ufank vun der Pressekonferenz gesot. Ma och, dass et eng symbolesch Visitt war, fir d’Solidaritéit an den Engagement héich ze halen.
D’Situatioun um Terrain an der Ukrain wier den Ament schlecht. Bei der Konteroffensiv, déi am Juni ugaangen ass, kéim ee manner gutt weider, wéi bei där am Hierscht zejoert, bei där Charkiw a Cherson konnten zréckeruewert ginn. Et géinge keng Kilometer gewonne ginn, mee just Meter. D’Russen hätten Zäit gehat, hir Defensiv opzebauen. Dat duerch defensiv Linnen, Minnen an d’Zerstéierung vun den Infrastrukturen. D’Ausso, d’Offensiv kéint net gewonne ginn, wier awer falsch. Se wier zäitintensiv a géing leider och vill Liewe kaschten.
18 Prozent vum ukraineschen Territoire wier vu Russland besat. D’Ukrain schätzt, dass bis elo 277.000 russesch Zaldote schwéier blesséiert goufen oder hiert Liewe verluer hunn. Aner Estimatioune ginn dovunner aus, dass de Krich grad esou vill ukrainesch Zaldoten hiert Liewe kascht huet.
Nieft der Situatioun um Terrain wier awer och déi an der Europäescher Unioun an driwwer eraus alles anescht wéi gutt ze bewäerten. Den neie méigleche slowakesche Premier huet annoncéiert, all Hëllef, déi géint de Putin geet, opzehalen. D’Republikaner an Amerika hunn dann Hëllefen, déi fir d’Ukrain virgesi waren, säit 45 Deeg blockéiert.
Zanter Russland de sougenannte Kären-Accord am Juli suspendéiert huet, ass een op der Sich no Alternativen. Iwwert de Korridor vun der Donau sollen d’Wueren elo an den Norde vum Europa kommen, fir se vun do aus ze verdeelen. Ma Polen blockéiert an dat och fir den Transit.
Den Engagement fir d’Ukrain misst oprecht erhale bleiwen, huet den Ausseminister betount. 11 Sanktiounspäck hätt et bis elo géint Russland ginn. Mat 8 Päck goufen 1.500 Persounen an 250 Entreprise sanktionéiert. 6,2 Milliarde goufen hei am Land agefruer. D’Ukrainer géinge fir en 12 Sanktiounspak drécken, deen och den nukleare Secteur fir zivil Zwecker soll ëmfaassen. Russland géing nämlech ëmmer nach dovunner profitéieren.
Bei de finanziellen Hëllefen un d’Ukrain gëtt et den Ament e Knuet. Déi Europäesch Unioun huet der Ukrain bis elo 6,5 Milliarde ginn, fir sech ze verdeedegen, ma déi 8 Tranche vu 500 Millioune géing zanter Méint vun Ungarn blockéiert ginn. De sougenannten European Peace Facility Fong soll dann 20 Milliarden Euro ëmfaassen, an tëscht 2024 an 2027 un d’Ukrain goen. Detailer iwwert dëse Fong konnt de Jean Asselborn awer nach keng nennen. All Land soll baussent dem EU-Budget dorunner participéieren. An der selwechter Zäitspan wéilt d’EU da 50 Millioune fir d’Rekonstruktioun zur Verfügung ze stellen.
Zum Wonsch vum EU-Bäitrëtt vun der Ukrain an déi Europäesch Unioun sot de Jean Asselborn, dass ee géing gesinn, dass och a Krichszäiten de Wëlle vum Land do wier fir virun ze kommen. Et wier eng nei Dynamik bei der Reform vum Verfassungsgeriicht, an där vum Système judicaire ze erkennen. Aner Beräicher wéi dee vun der Dezentraliséierung wieren awer nach net ugepaakt ginn.
Op diplomateschem Wee wiere keng Léisunge vun der Situatioun an der Ukrain ersiichtlech. "Et ass en Aggressiounskrich, dee just ee ka stoppen, an deen heescht Putin. D’Ukrainer kënnen dee Krich net stoppen", huet de Minister ënnerstrach. D’Waffeliwwerungen ze stoppen, géing net zum Enn vum Krich féieren, mee dozou, dass et keng Ukrain méi géing ginn.