"Déi meescht bleiwen hei, well se wëssen, dohannen ass et onsécher"
Milliounen Ukrainer waarde just drop, fir nees kënnen heemzegoen. Frae, Kanner, Männer, déi virun allem aus dem Oste vum Land kommen.
Also do, wou vill Territoirë weider vun de Russe besat sinn, respektiv ganz Stied zerstéiert goufen. Eleng d'Zuel un Ukrainer op der Flucht, déi am Land bliwwe sinn, gëtt op 5 bis 6 Millioune geschat. An der klenger Stad Bohuslav, am Zentrum vun der Ukrain, goufen d'Autoritéiten d'lescht Joer vun der Zuel un intern Deplacéierten iwwerrannt. Ënner anerem huet och d'Lëtzebuerger Rout Kräiz Hand mat ugepaakt, fir de Leit en Daach iwwert dem Kapp ze ginn.
"Déi meescht kommen entweder vun Donetsk, vu Kharkiv. Mir hunn elo grad en Här gesinn, dee vu Kherson kënnt, wou den Damm futtigemaach ginn ass. Se komme wierklech vun iwwerall. Ma haaptsächlech, wierklech vun der Front", sou d'Myriam Jacoby vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, déi zanter 11 Joer Lëtzebuerger Projeten an der Ukrain begleet.
Wéi de 6. Juni, de Kakhovka-Damm explodéiert ass, stoung dem Anatoliy d'Waasser bis zum Kapp. En neit, provisorescht Doheem huet de Mann zu Bohuslav fonnt, am Internat vun der Technescher Héichschoul, dat mat der Hëllef vum Roude Kräiz an der Lëtzebuerger Kooperatioun ëmgebaut a moderniséiert gouf.
D'Mënsche sinn dankbar. Eng eeler Fra brécht an Tréinen aus: "D'Ukrain wäert är Ënnerstëtzung ni vergiessen."
E Bett, eng Dusch, eng Kichen. Net vill an awer de Grondstee fir e Retour zu engem Liewen an Dignitéit.
"Déi meescht bleiwen hei well se wëssen, dohannen ass et onsécher. Si kënnen net hiert Liewe maachen. An hei hu se en Ënnerdaach. Si kënne schlofen, well schlofen ass wichteg. Si kënnen eng Aarbecht hunn. Well ganz oft schaffe se entweder hei an der Stad oder se gi bis op Kiew. Dat ass ongeféier eng Stonn an eng hallef mam Auto. A bleiwen dann do, schaffen eng Woch", sou d'Myriam Jacoby.
Oft, bleift dëse Famillje just eng kléng Wallis. D'Katerina kënnt aus där laang vun de Russe besater Stad Lyman, am Donbas. Hiert Haus ass beschiedegt. Bis d'Famill zeréck kann, lieft d'Fra mat hirem Meedchen am Flüchtlingsheem. Hire Mann huet wéi vill anerer eng Aarbecht zu Kiew fonnt.
Natierlech wëlle se zeréck. Heem. Zeréck bei Famill a Frënn. Ma wéini?
"Et gëtt näischt Schlëmmeres wéi Krich." Si hoffen op Fridden.
"Vu Kharkiv, wou mer wunnen, bis Belgorod, déi éischt russesch Stad, sinn et just 80 Kilometer. D'Grenz ass op 40 Kilometer. 80 Kilometer vu Belgorod op Kharkiv. Do brauch eng russesch Rakéit just eng Minutt", sou de Vladislav, dee vu Beruff Ingenieur ass.
De Vladislav, den Anatoliy, d'Katerina, all sëtze se op de Wallissen, fir sou séier wéi méiglech heem.
Zu Skvira ass d'Situatioun déi selwecht. Hei gouf e weidert Internat mat Lëtzebuerger Ënnerstëtzung ëmgebaut, fir intern Deplacéiert opzehuelen.
Fir d'Gulnamo Khudobakhshova, Cheffin vun der Missioun vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an der Ukrain ass eent wichteg: "D'Qualitéit vun der Aarbecht. Datt d'Leit op d'mannst e Bett hunn, e Frigo, en Uewen. Datt se sech a Sécherheet fillen. Selwer eppes kache kënnen. Datt se Nuets a Rou schlofe kënnen."
Zu Skvira ass d'Faarf un de Mauere just dréchen. Weider 60 nei Zëmmere stinn domat zur Verfügung. Fir iwwer 300 Demandë vu Familljen, op der Flucht virum Krich.