4.710 Doudesaffer wéinst Minnen a Bomme goufen 2022 enregistréiert

Et si rëm weltwäit vill Persounen duerch Minnen, respektiv explosiv Reschter vu Krichsmaterial ëm d'Liewe komm.
Dee Constat mécht den Observatoire des mines 2023, wéi Handicap International an engem Communiqué matdeelt.Fir d'8. Kéier hannerteneen ass de Chiffer vun Affer vu Minnen op engem héijen Niveau.
4.710 Victimme goufen zejoert enregistréiert. Dovu ware 85 Prozent zivil Affer. Dat sinn der eng 800 manner ewéi d'Joer virdrun, mä et hätt am Afghanistan Schwieregkeete bei der Kollekt vun Donnéeë ginn, esou d'ONG.
Déi vill Affer wären an der Haaptsaach d'Resultat vu méi arméierte Konflikter an der héijer Kontaminatioun duerch improviséiert Minnen zanter 2015.
Virop d'russesch Truppen an déi am Myanmar benotze Minnen, grad ewéi arméiert Gruppen an op d'mannst fënnef Länner.
Vum 20. bis de 24. November ass zu Genf eng Konferenz vun de Länner, déi den Traité vum Verbuet fir Minnen ënnerschriwwen hunn. 26 Joer ass dat hier an awer ginn et méi Affer. Deemno mécht Handicap International den Appell, dass si Drock op déi maachen, déi nach ëmmer Minne benotzen.