D'Gewalt am Noen Oste geet virun. D'humanitär Situatioun, virun allem ronderëm dat gréisste Spidol a Gaza-City, gëtt ëmmer méi dramatesch.

179 Leit sollen dem Direkter vum Al-Schifa Spidol no en Dënschdeg an engem Massegraf bäigesat gi sinn. Ënnert den Doudege wiere 7 Bëbeeën an 29 Patiente vun der Intensivstatioun.

Noen Osten / Rep. Claudia Kollwelter

Virun der Klinik stinn israeelesch Panzeren, d'israeelesch Autoritéite ginn dovun aus, datt ënnert dem Spidol eng Kommandozentral vun der Hamas ass - dës dementéieren dat awer. Iwwerdeems mellt dat israeelescht Militär am Keller vun engem anere Spidol a Gaza-City, zeg Waffe fonnt ze hunn. Donieft géifen et Unzeeche ginn, datt am Keller Geisele festgehale goufen.

Al-Schifa-Spidol soll evakuéiert ginn

De Gesondheetsministère vun den Hamas an der Gazasträif huet eegenen Aussoen no eng Evakuéierung vum gréisste Spidol a Gaza-City ënner Opsiicht vum internationale Comité vum Roude Kräiz proposéiert. De Plang géif virgesinn, datt d'Patienten aus dem Al-Schifa-Spidol a Spideeler an Ägypten bruecht ginn. Bis ewell hätt een awer keng Reaktioun op déi Propose kritt.

E Méindeg hat d'Rout Kräiz versicht, ronn 6.000 Mënschen aus engem anere Spidol a Sécherheet ze bréngen. De Convoi huet awer wéinst heftege Kämpf missen ëmdréinen.

Der Hamas no ass d'Zuel vun de Palästinenser, déi zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif ëm d'Liewe komm sinn, op 11.500 geklommen, weider 29.000 wiere blesséiert ginn.

D'humanitär Situatioun a Gaza wier schrecklech, huet den EU-Aussebeoptragten Josep Borrell en Dënschdeg de Mëtteg nom EU-Conseil vun der Defense betount. Mëttwoch flitt de Borrell an den Noen Osten, fir mat der lokaler Politik iwwert humanitär Hëllef a politesch Froen ze beroden. D'Finanzéierung vun der Hamas misst gestoppt ginn, huet den EU-Aussebeoptragten nach ënnerstrach. Ma an der EU géif et weder doriwwer, nach iwwert e Waffestëllstand Konsens ginn.

Iwwerdeems sinn en Dënschdeg an Israel Familljen a Frënn vun de Geiselen, déi vun der Hamas verschleeft goufen, vun Tel Aviv aus fortgaangen, fir an engem Marsch vu fënnef Deeg bis op Jerusalem ze trëppelen. Si fuerderen e méi staarken Asaz vun der israeelescher Regierung, fir datt d'Geisele fräi gelooss ginn.

Muechtpositioun a Gefor

Der Duerstellung vun der israeelescher Regierung no brécht d'Muecht vun der Hamas an der Gazasträif zesummen. De Verdeedegungsminister huet e Méindegowend betount, d'Hamas géif d'Kontroll verléieren an an de Süde flüchten.

D'israeelesch Arméi huet eegenen Aussoen no d'Kontroll iwwer eng Partie Gebaier vun der radikalislamescher Hamas a Gaza-City iwwerholl. Ënnert anerem d'Parlament a Gebaier vun der Police.

Fir d'Zivilisten am ëmkämpften Norde vu Gaza ass iwwerdeems eng nei Zäitfënster genannt ginn, fir an de Süden ze flüchten. Der israeelescher Arméi no gëtt de Flucht-Korridor tëscht 9 Auer moies a 4 Auer nomëttes fir humanitär Zwecker opgemaach. Donieft huet e Porte-parole vun der Arméi via d'Plattform X matgedeelt, datt an zwee Quartieren a Gaza-City den Dag iwwer net gekämpft wäert ginn, fir och deene Mënschen et ze erméiglechen, an de Süden ze flüchten.

Der UNO no hu bis ewell ronn 200.000 Mënschen de Korridor genotzt, fir den Norde vun der Gazasträif ze verloossen.