Matten an der Foussgängerzon zu Gummersbach hu Beamte vun der Police op en arméierte Mann geschoss. Och eng onbedeelegt Passantin gouf dobäi ugeschoss.

Virdrun hat den 30 Joer ale Mann ee Polizist mat engem Messer am Gesiicht blesséiert, wéi d'Police an de Parquet matdeelen. De Blesséierte koum an d'Spidol a wier a kriteschem Zoustand. Och eng onbedeelegt Passantin gouf vun enger Kugel am Been getraff.

Der Police no wieren d'Beamten en Dënschdeg am Nomëtteg an e Supermarché geruff ginn, wou si de gemellte Mann kontrolléiere wollten. Geruff gi ware si wéinst Déifstall mat Gewalt, wéi d'Ermëttler schreiwen, ouni Detailer iwwer den Tëschefall am Buttek ze nennen.

Och dozou, wéi d'Situatioun eskaléiert ass, hu sech d'Enquêteuren nach net geäussert. Virop sollen d'Videoopnamen ausgewäert ginn. Mat Resultater wier eréischt e Mëttwoch ze rechnen.

Wéi Aenzeien der Zeitung "Kölner Stadt-Anzeiger" matgedeelt hunn, wier ee Mann vu Policebeamte verfollegt ginn. D'Polizisten hätte probéiert, hie mat engem Stull ze stoppen. Schlussendlech wiere Schëss gefall. Eng aner Zeien huet der "Bild" erzielt, wéi si Gejäiz héieren hätt an doropshin d'Beamten an de Mann mam Messer gesinn hat.

Am Nomëtteg war d'Plaz virum Buttek ofgespaart a Spezialiste vun der Spueresécherung sur place. D'Patrounenhülse louchen um Buedem an an de Fënstere waren Aschosslächer z'erkennen. Vue datt d'Poliziste vu Gummersbach hir Déngschtwaffen agesat hunn, huet d'Police vu Köln d'Ermëttlungen iwwerholl.