Déi europäesch Partei-Gruppe sinn den Ament amgaangen, d'Wale fir d‘Europaparlament nächst Joer ze preparéieren.

Den Nicolas Schmit ass am Gespréich, fir europawäite Spëtzekandidat fir d'Sozialiste bei den Europawalen ze ginn. Wéi d'"Lëtzebuerger Wort" schreift, wier den aktuelle Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Beschäftegung, Soziales an Integratioun och bereet, déi Aufgab z'iwwerhuelen.

De System vum europäesche Spëtzekandidat, dee bei enger Majoritéit am Europaparlament President vun der Kommissioun soll ginn, huet bis ewell allerdéngs just eng Kéier vun zwou geklappt. An zwar 2014 beim Jean-Claude Juncker.

2019 haten d'Staats- a Regierungscheffen de System gekippt, andeems si d'Ursula von der Leyen amplaz vum Manfred Weber nominéiert hunn, ier am Parlament eng stabil Majoritéit konnt forméiert ginn.