Trotz internationalen Appeller, datt Klinicken Tabu fir déi israeelesch Militärinterventioun solle sinn, gouf eng Offensiv op d'Al-Schifa-Klinik lancéiert.

E puer Dausend Zivilisten haten do an de leschten Deeg a Woche Schutz virun de Bombardementer gesicht, mä et wier och eng Stopp vun der Hamas, behaapt Israel. D'Arméi wier an der Nuecht op e Mëttwoch mat Panzeren a Buedemtruppe virgedrongen an hätt och Dolmetscher derbäi, déi arabesch schwätzen, wéi och medezinescht Personal, heescht et an engem offizielle Statement vum israeelesche Militär. Et hätt een am Virfeld och dem palästinensesche Gesondheetsministère Bescheed ginn.

Wéi et um fréie Mëttwochmoien heescht, wieren d'israeelesch Unitéiten antëscht an de Keller vum Al-Schifa-Spidol virgedrongen. "D'Besatzungsarméi ass elo am Keller an duerchsicht dësen. Si si bannen am Komplex, schéissen a geheie Sprengsätz", sot de Spriecher vum Gesondheetsministère, den Aschraf al-Kidra. D'Informatioune loosse sech allerdéngs nach net onofhängeg iwwerpréiwen.

Parallel zum militäreschen Amarsch an d'Enceinte vum Al-Shifa-Spidol huet den israeelesche Militär sech och selwer dobäi gefilmt beim medezinesche Material matbréngen, dorënner Cuvreuse fir Puppelcher, déi awer an engem Spidol ouni Waasser, ouni Oxygen a virun allem ouni Stroum net ze gebrauche sinn. 40 Patiente sinn den Aussoe vun de palästinensesche Gesondheetsorganisatiounen bannent de leschten dräi Deeg gestuerwen, well net no hinne gekuckt hätt kënne ginn.

Den Dr. Ahmed El Mokhallalati, Chirurg:

"Glécklecherweis hate mer awer och 36 Neigebuerener. Mir hu kee verluer bannent de leschte 24 Stonnen. Dat ass gutt, mee dat heescht net, dass et esou weider geet. Mir hunn der awer 5 verluer op der Intensivstatioun, well mer kee Sauerstoff méi hunn. Dowéinst verléiere mer der all Dag."

Israel hat virun der Spezialoperatioun verlaangt, d'Spidol sollt evakuéiert ginn. Et war duerch Stroosseschluechte baussent dem Spidol allerdéngs net méiglech. Doriwwer eraus gëtt et och weder Bensinn, nach Diesel fir Ambulanzen an d'Spideeler am Süde vun der Gazasträif si voll. Et wieren den Ament nach ronn 400 Patienten am Al-Shifa-Komplex, honnerte Leit medezinescht Personal a Leit, déi sech aus der bombardéierter Stad just wollten an d'Enceinte a Sécherheet bréngen.

Sollt d'Hamas d'Katakombe vum Spidol als Attack-Basis géint Israel notzen, vun do aus Rakéiten an Israel schéissen oder do Geisele festhale, wieren dat Krichsverbriechen a Verstéiss géint d'Konventioun vu Genève vun der UNO. De militäresche Siège vun engem Spidol a Bombardementer vu Klinicken sinn dat allerdéngs och.

No enger Concertatioun tëscht den USA an Israel däerf iwwerdeems elo awer Mazout an d'Gazasträif geliwwert ginn. D'UNO kritt erlaabt, 24.000 Liter iwwert de Grenz-Passage Rafah ze bréngen. Domat solle Stroumaggregater bedriwwe ginn, déi virun allem an de Spideeler an a medezineschen Ariichtungen dréngend gebraucht ginn. Israel war bis ewell dogéint, well een gefaart huet, d'Hamas géif de Sprit fir Krichszwecker benotzen.