An den USA konnt e sougenannte Shutdown virop emol evitéiert ginn. D'US-Representantenhaus konnt sech en Dënschdeg op en Iwwergangsbudget eenegen.

Den Entworf vum neie republikanesche Chef vun der Kongresskummer, de Mike Johnson, garantéiert eng Finanzéierung vun de Bundesautoritéite bis Mëtt Januar respektiv Ufank Februar. Am Text sinn allerdéngs keng nei Hëllefe fir Israel an d'Ukrain virgesinn. Virun enger Ënnerschrëft vum President Joe Biden muss den Text awer nach vum Senat ugeholl ginn.

Ouni Iwwergangsbudget wier an der Nuecht op e Samschdeg eng als "Shutdown" bekannt Budgetsspär a Kraaft getrueden. Honnertdausende Staatsbeamte wieren da gezwonge ginn, onbezuelte Congé ze huelen, ëffentlech Strukture wéi Nationalparken a staatlech Muséeë hätte missten zoubleiwen.

Eréischt Enn September konnten d'USA e Shutdown knapp verhënneren. A leschter Minutt hat de Kongress deemools iwwer en Iwwergangsbudget gestëmmt, deen eng Finanzéierung vun de Beamte bis de 17. November garantéiert huet.

Den deemolege Chef vum Representantenhaus, de Republikaner Kevin McCarthy, war dofir e Kompromëss mat den Demokraten agaangen. Eng Decisioun, déi deene strenge Republikaner net gefall huet an duerch déi de McCarthy doropshin an engem historesche Vott als éischte "Speaker" an der US-Geschicht ofgesat gouf.