Am US-Bundesstaat Ohio ass e Camion an e Bus mat Membere vun enger Schoulband gerannt an huet dono Feier gefaangen.

Op Biller ass ze gesinn, wéi d'Leit, déi op der Plaz gehollef hunn, den Teenager zouruffen, datt si aus de Fënster vum Bus solle sprangen. Dono ass eng Explosioun ze héieren an ze gesinn. Weider gesäit een um Video, datt d'Kabinn vum Camion an den hënneschten Deel vum Bus a Flame sinn.

57 Leit, dorënner vill Schüler, déi Member vun enger Schülerband sinn, souzen am Bus, deen ënnerwee op Columbus, der Haaptstad vun Ohio war, wou d'Band op enger Schülerkonferenz sollt spillen. Fir de Gouverneur vun Ohio Mike Dewine ass et de schlëmmsten Albdram, datt e Bus mat Schüler an esou en Accident verwéckelt ass.

Dräi Schüler hunn den Accident net iwwerlieft, donieft och nach e Schoulmeeschter an zwee Begleeder, Eltere vu Kanner, déi an engem Auto hannert dem Bus ënnerwee waren, dee mat an den Accident verwéckelt gouf. Weider mellen d'US-Medien, datt eng 20 Leit, d'Majoritéit dovunner Jonker, blesséiert goufen.

D'Ermëttler ware séier op der Plaz, fir d'Ursaache vum Accident ze rekonstruéieren. Nieft dem Bus, Camion an dem Auto mat de Begleeder waren nach zwee aner Ween an den Accident verwéckelt.