De Klimawandel soll an de kommende Joren ëmmer méi zur Gefor ginn.

Enger Etüd no, déi e Mëttwoch an der renomméierter medezinescher Fachzeitung "The Lancet" verëffentlecht gouf, wäerten am Laf vun der Äerderwärmung fënnef Mol méi Mënschen un de Suitte vun extremer Hëtzt stierwe wéi haut. Och Mangelernärung an d'Ausbreede vun Infektiounskrankheete wäerte staark klammen. D'Gesondheet vun de Mënsche wier a grousser Gefor, warnen d'Experten.

Dem Bericht "The Lancet Countdown" zu de gesondheetleche Suitte vum Klimawandel no, deen eemol d'Joer erauskënnt, waren d'Mënschen am leschte Joer weltwäit duerchschnëttlech 86 Deeg laang liewensgeféierlechen Temperaturen ausgesat. D'Zuel vun de Mënschen iwwer 65 Joer, déi un Hëtzt gestuerwe sinn, war am Zäitraum 2013 bis 2022 am Verglach zu de Joren 1991 bis 2000 ëm 85 Prozent méi héich.

Dës dramatesch Situatioun wier wuel "nëmmen e fréie Symptom vun enger immens geféierlecher Zukunft", sou d'Wëssenschaftlerin Marina Romanello. Bei enger Hausse vun der globaler Duerchschnëttstemperatur vun zwee Grad am Verglach zum virindustriellen Zäitalter wäert d'Zuel vun den hëtztbedéngten Doudesfäll de Berechnungen no bis 2050 viraussiichtlech ëm 370 Prozent klammen.

Fir e Klimawandel mat katastrophale Konditiounen ze verhënneren, hat d'Weltgemeinschaft 2015 am Paräisser Klimaofkommes ausgemaach, d'Äerderwiermung op däitlech ënner zwee Grad, méiglechst op 1,5 Grad am Verglach zum virindustriellen Zäitalter ze begrenzen. Am Hibléck op d'Hausse bei den CO2-Emmissioune steiert d'Äerd den Ament allerdéngs op eng Erwiermung ëm 2,7 Grad hin.

D'Suitte sinn ëmmer méi Wiederextremer wéi Canicullen, Dréchenten an Iwwerschwemmungen - mat den entspriechende gesondheetlechen Auswierkungen. Lancet Countdown no wäerte bis Mëtt vum Joerhonnert ongeféier 520 Millioune méi Mënsche wéi bis ewell ënner mëttelschwéiere bis schwéierer Ernärungsonsécherheet leiden.

Mécken, déi Infektiounskrankheete wéi Malaria oder d'Dengue-Féiwer iwwerdroen, breede sech bei méi héijen Temperaturen ëmmer méi aus. Bei enger Äerderwiermung ëm zwee Grad wäert d'Dengue-Féier der Etüd no ëm 36 Prozent an d'Luucht goen.

Déi weltwäit Gesondheetssystemer sinn de Fuerscher no bis ewell net op dës Erausfuerderunge preparéiert. Bei der UN-Klimakonferenz COP28, déi Enn vum Mount zu Dubai ufänkt, wäert et dohier eng éischte Kéier e Gesondheetsdag ginn, op deem déi gesondheetlech Suitte vum Klimawandel am Mëttelpunkt stinn.