Dat Iewescht Geriicht zu London huet dee Plang vun der brittescher Regierung als illegal bezeechent.

De Plang war gemaach ginn, fir Persounen, déi a klenge Booter a Groussbritannien kommen, dovun ofzeschrecken. A Ruanda hätten déi Leit dann entweder kënnen do no Asyl froen oder an engem Drëttstaat - just net a Groussbritannien. De Risk hätt bestanen, dass déi Concernéiert forcéiert gi wären, heem ze goen a Staaten, an deene si vläicht onmënschlech traitéiert gi wären, esou de President vum Geriichtshaff.

D'Vereent Natiounen hate scho staark Bedenke geäussert.

D'Geriicht huet elo tranchéiert an der Regierung e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.