An der Géigend vu Birmingham
Mann an England erstach - Police hëlt zwee 12 Joer al Jonge fest

© AFP
Zwee 12 Joer al Jonge stinn am Verdacht, e Mann an England erstach ze hunn.
D'Police huet e Mëttwoch matgedeelt, datt si d'Kanner en Dënschdeg den Owend wéinst Mordverdacht festgeholl hätt. Déi zwee 12 Joer al Jonge sollen en 19 Joer ale Mann zu Wolverhampton (eng Stad an der Géigend vu Birmingham) ëmbruecht hunn. De Mann wier e Méindeg den Owend am Fräien attackéiert ginn, heescht et weider an engem Schreiwes vun der West Midlands Police.
D'Enquêteuren hu keng Informatiounen zu engem méigleche Motiv bekannt ginn.
Am meeschte gelies