D'Vertrieder vun den EU-Memberstaaten hu sech en Donneschdeg op en Neits net konnten op eng gemeinsam Positioun fir den Asaz vu Glyphosat eenegen.

No aktuellem Recht kann d'EU-Kommissioun d'Decisioun eleng treffen. An deem Sënn huet d'Kommissioun dann och eng Verlängerung vun 10 Joer annoncéiert, dat awer geknäppt u Konditiounen. Ënner anerem sollen d'Baueren op d'mannst fënnef Meter breet Puffersträifen anhalen. D'Memberstaate kënnen donieft d'Quantitéit an d'Heefegkeet fir den Asaz vu Glyphosat beschränken.

Däitschland huet sech wéi schonn an de leschte Verhandlungsronnen enthalen, well och d'Bundesregierung sech net op eng gemeinsam Positioun eenege konnt. Aus Diplomatekreesser heescht et, dass sech nach aner Länner enthalen hätten, dorënner Frankräich an Holland. Lëtzebuerg, Éisträich a Kroatien hunn eng nei Zouloossung vum Produit refuséiert.

Déi aktuell Zouloossung leeft de 15. Dezember aus.

Reaktioun vu Greenpeace Lëtzebuerg

Greenpeace Lëtzebuerg seet sech revoltéiert vun der Decisioun a fuerdert, dass de Grand-Duché op en Neits op eege Fauscht den Asaz vu Glyphosat verbitt.

D'Organisatioun kritiséiert, dass d'EU-Kommissioun mat hirer Decisioun wëssenschaftlech Analysen zu méiglechen negativen Auswierkungen op d'Gesondheet vun de Leit, esou wéi och op d'Ëmwelt, net géing respektéieren. D'Kommissioun géing sech domadder op d'Säit vun de Lobbyiste vun der Agrarchemie positionéieren. Dass eng Landwirtschaft ouni Glyphosat méiglech ass hätt een hei zu Lëtzebuerg gesinn, wéi d'Regierung dëse Produit verbueden hat. D'Verlängerung vun der Autorisatioun wier dowéinst e schwéiere Réckschlag.

Schreiwes vum zoustännege Lëtzebuerger Ministère

Pas de majorité qualifiée pour le renouvellement de l'approbation du glyphosate, la décision finale renvoyée à la Commission européenne (16.11.2023)
Communiqué par : ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural Le Luxembourg a voté ce jeudi, pour la deuxième fois contre le renouvellement de l'approbation de dix ans du glyphosate au sein de l'Union européenne. Comme lors du vote du 13 octobre, aucune majorité qualifiée ne s'est dégagée aujourd'hui parmi les États membres (une majorité qualifiée requiert le vote de 15 États sur 27, représentant au moins 65% de la population européenne).

Cette nouvelle absence de majorité qualifiée implique que la décision finale concernant le renouvellement de l'approbation du glyphosate revient dès lors à la Commission européenne.

Une décision devra être adoptée avant le 15 décembre 2023 puisque l'approbation actuelle du glyphosate expirera à cette date.

Le Luxembourg, œuvrant pour une agriculture durable, continue par le biais de la loi agraire à encourager à renoncer aux produits phytopharmaceutiques et notamment au glyphosate.