20 Joer ale Bréif vum Osama Bin Laden gëtt milliounefach op TikTok gedeelt

© - SITE INTELLIGENCE GROUP / AFP / AFP
Zanter e Mëttwoch äussere sech virun allem jonk Amerikaner op der Social-Media-Plattform positiv iwwert de fréieren Al-Qaida-Chef Osama Bin Laden.
Vill vun hinnen Deelen den Ament Videoen, an deene si Passage vun engem 20 Joer alen Text vum Bin Laden zitéieren a behaapten, dass dësen hinnen d'Aen opgemaach hätt.
Den Text mam Titel "Letter to America" staamt aus dem Joer 2002. An dësem versicht de Bin Laden, d'Terrorattack op de World Trade Center ze rechtfäerdegen. Dass den Text grad elo nees op de soziale Medie populär gëtt, dierft doru leien, dass de Bin Laden direkt op e puer Passagen am Text Bezuch op de Konflikt am Noen Osten hëlt, dat allerdéngs aus engem duerch an duerch antisemittesche Point de vue.
Deemno hätt Al-Qaida d'Terroruchléi vum 11. September 2001 duerchgefouert fir sech un den USA wéinst dësen hirer Ënnerstëtzung vun Israel ze rächen. Weiderhi gëtt am Text behaapt, dass d'USA Israel nëmme wéinst dem Drock vun der "jiddescher Lobby" ënnerstëtze géif.
De brittesche Guardian hat den Text zanter 2002 op sengem Internetsite, huet en elo awer offline geholl an dat domat begrënnt, dass den Text elo ouni Kontext géif op de soziale Medie verbreet ginn. Wéinst de Videoen op TikTok war den Text fir e zäitweis dee meescht-gekuckten Inhalt um Site vun der Zeitung.