Franséisch Garë bidden an Zukunft digital Dokteschconsultatiounen un

E Covid-19-Testzenter zu Lyon op der Gare. / © JC MILHET Hans Lucas via AFP
D'Franséisch Bunn SNCF wëll an Zukunft op ronn 300 Garen uechtert d'Land de Leit d'Méiglechkeet ginn, digital Dokteschconsultatiounen ze maachen.
Virun allem Garen a Regiounen, wou et e Manktem un Dokteren gëtt, wiere mat dëser Initiativ viséiert. A Containere bei de Garen, sou wéi d'Covid-Testzentere wärend der Pandemie, soll sech en diploméierten Infirmier ëm d'Patiente këmmeren, déi da via Videokonferenz vun engem Dokter berode ginn.
Vill Deeler vum Land leiden ënnert engem extreme Manktem un Dokteren, wat zu laange Waardezäite féiert. Am Schnëtt dauert et a Frankräich 52 Deeg bis een e Rendez-vous bei engem Aendokter kritt an 61 Deeg bei engem Hautdokter.
D'Zuel vun de Generalisten ass an de leschten 12 Joer ëm 11 Prozent erofgaangen. Dobäi kënnt, datt an de nächsten 10 Joer e Véierel vun den Dokteren an d'Pensioun wäert goen.