Schwéiert Äerdbiewen huet Mënschen op de Philippinnen a Panik versat

© AFP
Am Süde vun de Philippinnen huet e Freideg de Buedem an der Provënz Sarangani op der Haaptinsel Mindanao gewackelt.
D'Biewen an enger Déift vun 78 Kilometer, hat eng Stäerkt vu 6,7 op der Richterskala, sou d'US-Äerdbiewenagence USGS. Bis ewell gouf et nach keng Nouvellen iwwer Blesséierter oder schro Schied. Vill Mënschen wiere a Panik gewiescht. Aenzeien hunn ausgesot, et wier wuel eent vun de schlëmmste Biewen a leschter Zäit gewiescht.
Op Biller op de soziale Reseauen gesäit een den Daach vun engem Akafszenter an der Stad General Santos, deen deels an de Koup gefall ass. De lokale Katastropheschutz huet iwwerdeems vu ville grousse Rëss a munche Gebaier geschwat.
Eng Tsunami-Warnung gouf net declenchéiert.